Donnerstag, 28. Februar 2008

ATTENTION PLEASE [アテンションン プリース] (J-Drama)

Ech hun lo grad dad komplett geckegsten Iwwerhaapt gesin.




Ech war op der Sich no puer interessante neien Saachen fir op bekannten Stream-Saiten zekuken, wei ech beemol bei veoh.com eppes gesin hun waat ATTENTION PLEASE [アテンションン プリース] heescht an den obviously asiateschen Cover huet en bessen no flacher Komödie ausgesin. Perfekt. Genau dad waat ech gesicht hun. No fir gebeckt fir den Mini-Cover genau ze inspizeieren an d'Mini Synopsis zeliesen, hun ech dun raus fonnt dad d'Haaptroll un d'Aya Ueto gaangen ass.



D'Aya Ueto ass een J-Idol, J-pop, J-Drama Multitalent. Waat heescht dad lo alles ? Majo hei den schnellen Misch Japan Popculture 101:

J-Idol: Usech schein jonk Modelen dei Filmer maan dei sech dann och mol gaeren iwwer 2 Stonnen zeien. Am Beschten Fall gesait een dann 30minuten Glace iessen an Lingerie oder sou Saachen wei 42minuten an engem Hochzaitskleed um Strand Frisbee spillen. Allerdings gett an esou Produktiounen, meeschtens och vun engem Photobook begleed, net "alles gewiesen"

J-Pop: Eben deen aktuellen Pop alles waat sou un kommerzieller Musek usteet. Allerdings gett ett och een ganz spezifeschen J-pop Musek Genre, sou en bessen wei Europop (bei der Eurovision meeschtens aus Griechenland an deen Eck ) huet aawer en bessen mei Charme well manner Botox (net keen nemmen manner) an den Sängerinnen ass.

J-Drama: (och nach JDorama; weinst der japanescher Aussprooch vum Terme) "Wochendaag Moies firun 10 Joer um RTL ausgetrallten Reich und Schön"-Esque Soaps. Telenovela'en vun Komesch iwwer Dramatesch bis komplett geckeg Gore Saachen ass alles vertrueden.


D'Aya Ueto spillt also an desem JDorama een Meedchen waat am Leifsten well Rock Musikerin gin aawer an der Provenz wou ett liewt schnell un seng Grenzen steisst, an dann aus enger Meeschung "Ech weisen erch ett lo" engem deifen onbewossten Verlaangen endlech als Fra unerkannt ze gin an aus enger verstoppener Leift zu engem engem aalen Bekannten eraus decideiert Stewardess zegin.

Dad ganzt kukt sech dann och wei eng japanesch ultra pink kawaiiiiiO(≧∇≦)O Versioun vun Mister Bean an engem Trainings Video fir JAL (Japan Airlines) Cabin Attendants.




Dei eischt Episode dei ech lo grad gesin hun huet 50minuten gedauert, en bessen mei laang wei den amerikaneschen Serien Format (45minuten) an obwuel ett an der eischt firstellerlech Iwwerflächlech schengt gett an deenen leschten 10 minuten Saachen an d'Loft geheit, wann all d'Personnagen sech devloppeieren ett ass net mei schein.

Do ass also d'Protagonistin dei: een onerfellten Draam huet, een Wunsch no Bezeiung huet dei neischt gett, een kompletten Misfit ass, owes um Heemwee an een Pilot rennt deen him direkt seng Nummer gett, an dann ass nach den Techniker-Azubi do deen him den Ticket klaut an mat deem och sou Munches nach op steet. Deen Ingenieur huet den Draam Pilot zegin. An deen aalen Pilot deen hannderem leeft well eppes vun der Chef-Stewardess dei d'Rookies audbild. Dei aaner Chef-Stewardess-Prof ass mei sou d'Bitch vun der Serie, waat een direkt zu der Bitch an der Klass brengt dad esou enorm Perfekt ausgesait dad ett sain liewen laang nemmen kann d'Bitch spillen.
Hei ass eng Chart mat all den Relatiounen dei ennert den Characteren bestinn


Zimlech drenner an driwwer dad ganzt. Ech hun schon engkeier een JDorama vun 11 Episoden mam Aya Ueto gekukt, Koukou Kyoushi an deen war extrem gudd. Wann een an deenen leschten 2 Episoden keng Treinen fleissen dann ass een keen Mensch. Et muss een sech allerdings un den Fait gewinnen dad ett emmer extrem belleg ausgesait, well ett belleg ass an ett alles deen "ouni Filter op der Kamera"-Look huet, dann leisst sech och sou eppes kuken. Mee deen heiten, wees ech net deen ass vlait en bessen ze geckeg. Mee wei ech mech kennen kuken ech en aawer herno.






Deen interessanten Deel:

Dei Duerstellung vun den Stewardessen an Japan, an dad zielt och fir Hostessen, Info-Madamen, deen Genre eben, schengt engem als Europäer eventuell iwwerdriwwen. Mee, dad ass wirklech sou! Dei sin do tatsaechlech fein, waat een hei jo guernet gewinnt ass. Wann een do op een Comptoir zougeet mat enger extrem dommer Fro dann kuken dei engem an d'Aan an erklären engem mat esou enger Prezisioun waat een wessen well, drecken engem eng Kaart an den Grap wou se mam Bic den Wee drop gemolt hun. Ett schengt engem vum Ausgesin biss zu Perfektioun vun der Professionaliteit baal zegudd fir wouer zesin. Ett kennt een sech fir wei wann ett een Roboter waer deen engem Vis-a-Vis steet. Aawer ett kritt een net dad kaalt onmenschlecht Gefill mee ett fillt een sech wei bei der Mam, ... besser. Ech sin der fester Iwwerzeegung 10 japanesch Tokyo Metro Infostand-Matarbeschterinnen keinten den ganzen Manchester United Fanblock während engem Derby Match calmeieren. Egaal waat geschitt ass, wann sou een Framensch der den Wee weist dann ass alles rem gudd. Eben dad gett an desem JDorama interessant gewiesen, dei Eleganz an dei Zielstrebegkeet dem Klient den Wunsch vun den Lepsen zeliesen. An gleeft mer, se kennen engem ett wirklech vun den Lepsen liesen.

Den estheteschen Aspect:
D'Mossen, an haaptsächlech d'Aya Ueto, sin alleguerten mega gail ! Mee am eescht ech dad dengen 10 Minuten gekukt dun haat ech 3 nei Draamfraen. (Ass ett net dad waat een an enger Analyse liesen well?!)




Sorry fir den tl;dr Post. Den Ayu Final Post kennt nach no mat Reviews an gespickt mat Video'en an interessanten Facts.

Als klengen trouscht gett ett dofir een Aya Ueto Lidd waat mer emmer gudd gefall huet.
OPGEPASST dad ass wirklech J-Pop mat den Kannerstemmen an allem. Mat Virsiicht zegeneissen.

Aya Ueto (上戸彩) - Yume No Chikara




Puer Links:
JDorama.com Ass emmer eng Gudd Referenz fir japanesch Soaps
Offizial AP Sait vun Fuji TV
AP Sait am Drama-Wiki Jo ett gett een riesegen Wiki nemmen fir J- an K-Drama (Koreaneschen Drama)


That is all.

2 Kommentare:

Unknown hat gesagt…

Oh, nice Blog *bookmark*. Mir verstinn eis wuel, och wann deng Japanesch Kenntnisser meng wuel liischt ownen. ;)

Misch hat gesagt…

dofir ass deen blog hei jo... education :P