Dienstag, 31. Juli 2007

Gett Emmer Besser

Majo majo, emmer nach keng Meigelechkeet fir Fotoen eropzelueden. En Typhoon kent op eis duer mee dann sin mir net mei an daer Geigend hei. Am Moment gammelen mer zu Osaka sin demetten nach mat der Rush Hour heihin koum, an Rush Hour an der 2t greisster Staat an Japan ass verdammt Geckeg. Mir hun gescht zu Hiroshima een Preis begeint deen mer elo mega haasen well d,Sau net am Stand war eis ze soen wei mer geigen bei den Hostel kommen an dobei huet en wirklech net ausgesin wei wann een gestresst waer. En huet just an mega dommem preisen\englesch mat enger Japsenmoss do handerem gepootert am Plaatz sech 2 minuten ze huelen fir eis. Naja bloeden Jaaseler. Fir de Rescht sin se aawer all super fain hei. Jojo mar gin mer bei d Moenchen op den Bierg schlofen mol kuken waat ett do sou gett, eis eischt Erfahrung mat engem mei traditionellen Hotel waren op allen Fall super genial.

That,s it. Ett nervt mech selwer dad ech keng Fotoen kann roplueden dad waer natirlech en bessen mei flott. Mee an 2 Deeg sin mer zu Kyoto an dann gin ech engkeier Owes an een Cybercafe dei sin hei all 24 Stonnen op an hun sou Features wei Massage-Still an Solarium. Keen Schaiss.

Sonntag, 29. Juli 2007

Fukuoka Mausi-Land

Majo eis suedlechsten Statioun Fukuoka ass laut 3 vun eisen 4 Guiden dofir bekannt dad vun hei dei scheinsten Meedercher vun Japan kommen. Dad Stemmt :p ! Effektiv laafen hei vill scheiner handerem an iwwerhaapt ass dei Staat dei zimlech gail an ett ass schued dad mer nemmen en e puer Stonnen hei bleiwen.
Mir sin gescht na duerch Canal City gelaaf dad ass eng rieseg Mall mat geckegen Dimensiounen wou een aawer och wirklech alles kritt an souguer na relativ belleg. Een Mango Mojito fir 680 der Yenen hei, dad sin 4 Euro fir een deck gudden Cocktail merde mat frescher Fruucht. Gudd dad den Schuh an den jerry net derbai sin :p.

Fotoen kommen bei gelegenheet no.

Freitag, 27. Juli 2007

27 Grad um 23 Auer


Majo, 2ten Daag zu Tokyo an villzevill getreppelt. Mee och sou munches gesin, den eischten Tempel vun deene 5000 dei na kommen an nach mei Mausien, 'the busiest crossing in the world' Shibuya an Akihabara den Mekka fir Leit dei gaeren belleg an HighEnd Elektronik an japaneschen Softcore op enger Plaatz haetten.

Mar geet ett also weider an den Sueden op Fukuoka wou ett nach mei warm ass.

An no deems den PC hei 3 mol oofgestierzt ass hun ech och endlech 2 Fotoen ropgelueden kritt.

Lenks ass mol grad eng Vue vun Akihabara wou net manner wei 2 Nissan Skyline gesin hun an een Porsche GT3 RS !!! Dad ass komplett geckeg mat watfirengen Autoen dei hei handerem rennen.

Majo dad war ett mol fir haut lo schnell schlofen well mar mussen mer Tokyoter Rush-Hour iwwerliewen. Dad gett secher eng Erfahrung fir d'Liewen.

Donnerstag, 26. Juli 2007

Gammelen zu Tokyo

God Damn !! Den Flug war ustrengend... schrecklech mir konnten baal guer net schlofen an den Fait dad Nationalequipe Volleyball vun der Dom Rep nierwt eis sutz huet ett net besser gema.

Mee an Tokyo eenszegin ass erstaunlech einfa. Haut gin ett allerdings na keng Fotoen well ech na net genuch gemach hun. Zu eiser aller erstaunen ass Tokyo net esou krass proper an hardcore an dem Ueno Parc hun Leit nemmen op den Baenken gepennt an mega gegammelt an mir hun eng gudd halef Stonn mat engem Tip geschwaat deem sain Nickname Bruce Lee ass deen soot eis mir sollen op manst 50 Fraleit unbaggern. Fir een Strummert war en zimlech gudd informeiert. En wosst souguer dAnwunnerzuel vun Letzebuerg. Soss ass ett deck den Wahnsinn hei, vill Mausien mat Stil an warm wei louder.

DZemmer misst glaich ferdeg gin an ech freen mech en bessen op dTele kuken an eng Dusch, denowend geet ett op een Freedefeier wou den Bruce Lee soot mir sollen dohin, an waat den Bruce seet dad gett gemach.

PS. dei tastatur hei ass total geckeg mann mann !

Biss dann

Freitag, 20. Juli 2007

Na 5 Deeg


Majo mir hun elo mol sou zimlech alles gereegelt.
Freet sech just nach waat mer mat deenen leschten 4-5 Deeg maan. Entweder mir vergammeln se an Tokyo oder mir maan eppes mat en bessen Natur. Eventuell een Ausflug an d'Bierger oder an den Fuji-san Nationalpark,... oder mir maan eppes komplett geckeges an mir leinen eis een Auto an fueren d'Japan Romantic Road.
Eng Stross dei 350km lang ass deen een dann o net ganz geing ooffueren, mee op enger relaxer Distanz vun 50km leien aawer e puer interessant Templen an Dierfer, Landschaften an Hot Springs dei vun natirlechen seismeschen Quelle gespeist gin.

Souwait gett hei zu Land na mächteg Party gema mat allem drun an dran.