Freitag, 15. Februar 2008

Meiji Shrine an Yoyogi Park, Tokyo

Den Meiji Jingu steet am Yoyogi Park sou ongefeier tescht Harajuku an Shibuya. Gebaut gouf en fir den Emperor Meiji, deen Japan am speiden 19ten Joerhonnert moderniseiert an den westlechen Länner mei zugänglech gemach huet. (Bis haut sin wahrscheinlich eng ganz Rei Japaner net sou frou mat daer Idee.) Ferdeg gestallt am Joer 1920 and direkt mol rem zersteiert gin am 2ten Weltkriich ass den Meiji Shrine, deen dem Emperor Meiji an senger Empress gewidmet ass, den Zentrum vum Yoyogi Park deen eng richteg Oase ass am dem hekteschen Tokyo.




Ausser all eischten Sonnden am Mount wann japanesch Popkultur sech vun Harajuku aus an den Park verbreed fir ze gesin an gesin zegin. Leider kann ech hei net aus eischter Hand berichten, waat mech och en bessen nervt, an een Besuch op engem Sonnden am Yoyogi Park sollt och an kengem Tokyo Ausflug fehlen. Rock/Pop Bands sin nach dei normalsten Leit dei een dann do sou gesait. An dei puer Strossenbands dei ech an Tokyo erliewt hun waren emmer alleguerten eischter Klass. Mei geckeg sin secherlech d'Rock-a-billy Leit, d'Hardcore Anime-Fans, and d'Visual Kei Leit. Iwwert Visual Kei waerd ett engkeier een Post gin, just lo souvill dozou; et geet sou an dei Gothic Richtung.




That is all.

Keine Kommentare: