Mittwoch, 20. Februar 2008

RIP HD-DVD

Ech erzielen hei secher naischt Neies mee ech wollt ett aawwer net messen trotzdem mein Pefferkaer beizedroen.

Toshiba, entweckler an eenzegen Produzent huet also decideiert fir dad vun hinnen proposeierten Next Generation Format HD-DVD zereckzezeien. Domat huet Blu-Ray vun Sony also d'Rennen gemach.

Insgeheim hun ech mer dad och erward, mee dei Entscheedung kennt aawer onerwart schnell. Ett ass jo kloer wat destkeier den sprangenden Punkt war an zwar d'Konsolen vun der aktueller Generatioun dei den Haapt Grond sin firwat een dann elo eischter deen een Format kaaft huet oder deen aaneren. Blu-Ray stong fir Playstation 3 an HD-DVD war bei der Xbox 360 vertrueden. Ett muss een allerdings soen dad bei der Xbox 360 den HD-DVD Player huet missten separat kaaft gin. Den Haapt Grond also firwat d'Leit sech Blu-Ray oder HD-DVD kaaft hun war lung also bei engem aaneren Choix, deen vun der neier Konsol.

Fir deen deieren neien Acquis an Form vun enger Playstation 3 (500 Öcken sin net weineg) ze rechtfertegen huet, an den USA secher nach mei wei hei, jiddereen ugefangen sech Blu-Ray DVD'en ze kaafen.

Dei eenzeg Hoffnung dei ech nach haat war deen ufaenglechen Statement vun Sony fir der Porno-Industrie keng Erlaabniss ze gin hir Filmer op Blu-Ray ze releasen.


Waat war geschitt ?
An den 80er gouf et den Kriich tescht der VHS an der BetaMax vun Sony. Deemols haat Sony mat deem besseren Standard an der besserer Qualiteit verluer well een deemols keng Porn-Flicks konnt op Betamax kaafen mee nemmen op VHS. (Betamax gett allerdings haut nach emmer an der Televesiouns Produktioun benotzt.) D'leit hun wei blöd Porno'en kaaft op VHS deemols an sou d'Rennen fir JVC an den Video Home System gemach.
Fir dad d'Geschicht sech net wiederhellt huet Sony also deskeier zougeloos dad een zukünfteg dem Jenna Jameson och an HD kann beim Schaffen nokucken.

Fair enough, deen beschten Format huet gewonnen. 50gb passen op eng Double Layer Blu-Ray deitlesch mei also wei dei 15gb dei eng HD-DVD pro Layer ophuelen kann.

Virwaat also feiert den Misch eng op ?

Majo, HD-DVD gouf vun Ufank un ouni Region Code verkaaft an sou sollt ett och bleiwen. Blu-Ray huet 3 Zonen A1 (Nord- an Südamerkia) B2 (Arika, Europa, den mettleren Osten an Australien) an C3 (Indien, Russland, China). An wien sech elo zurecht freet: "Wou der Daiwel ass Japan?" deem sief gesoot, Japan ass zesummen mat Thailand, Philipinnen, Indonesien, Malaysien etc. an der Grupp A1.
Wann d'DVD Regiounen schon egaalwaat sin dann sin dess nach 100mol mei schlemm. Sony hun sech, zurecht, mat Hollywood gudd gehaalen an dofir ennerstezen dei lo dei Regiounen Auswahl, dei weder Geographesch nach Kulturell Senn mescht.
D'MPAA haat rem engkeier d'Fangeren am Spill.

Bon, perseinlech mengen ech dad dei komplett Emstellung secher nach e puer Joer dauert also nach keen Stress.
Ausserdem haat ech bei dem NextGen Konsolen Kriich jo op dad richtegt Paerd gesaat.
Wii for the Win. v(^-^)v

Puer Links:

D'Blu-Ray Regiounen als Jpeg
Statistik wei mies d'PS3 verkaaft gett :3

That is All.

Keine Kommentare: