Montag, 18. Februar 2008

Ganguro ( ガングロ )

Ech wollt am Fong fir d'eischt iwwert e puer aaner Styler schwetzen dei d'japanesch Jugend sou prägen, mee ech gouf dun op desen spezifeschen opmirksam gemach.

Also Ganguro, waat wuertwirdlech "schwarzt Gesiicht" heescht, geheiert wahrscheinlech eben doweinst zu deem politeschonkoreksten Trend ausser vlait nach den Loli Trend, mee deen trauen ech mech guernet unzeschneiden soss stin d'Flicken virun der Diir.

Ett schengt en bessen ofensichtlech dad hei dad geschitt wat bei allen waissen op der ganzer Welt opfaellt; en gewessen Pourcentage waer alt numol eben gaeren Schwarz. (N.B. Reggae an HipHop sin och enorm populaer an Japan) Dad dann och nach gepaart mat der Entschlossenheet vun den Japaner an virun allem den Senn fir Kitsch vun den japaneschen Fraen entsteet eben sou een Trend. D'Hautfaarw gett entweder dropgeschmiirt oder, nach mei ongesond, am Solarium ugeziicht fir all dad oofzedecken waat den japaneschen Summer net vum selwen ferdescht brengt. D'Hoer gin dan och meeschtens gefiirwt vun orange bis blond, an am beschten Fall gro-waiss. Dei Meedercher mat deem extremen bleaching geheieren aawer och schon rem enger aanerer Subkultur un. D'Lepsen an den Liedschatten gin mat extrem deck opgedroenen an meeschtens hellem baal Waissen Make-up carrement iwwermolt.





Nach interessant ass ett ze gesin wou des Grupp ze fannen ass. Well anescht wei bei deenen meschten mei Rock-, Goth-, Indie-Leit trefft een sech hei net mat den AnimeFans am Yoyogi Park, mee op deenen Platzen wou Entertainment deier ass, Quartier'en wei Ikeburo an Shibuya waeren dann do eischt Wahl. Fir dad ganzt engkeier live ze erliewen kann een, wann een sech traut, an den Shibuya 109 goen. Eng Shopping Mall direkt firun der Gare vun Shibuya op der wuel bekanntester Kreizung an Japan: den Shibuya Crossing, "busiest crossing in the world". An eben deser Mall sin 109 Geschaefter nemmen Fashion fir Fraen an haaptsaechlech sou deen Glam-Hip Hop-R'n'B Style deen Ganguro unstrieft.

Waat kann een soss nach sou soen, vlait dad et deen Style och fir Männer gett, jo an dad ett anscheinend en bessen oofhellt an der lescht. Heischpunkt waer em d'Joer 2000 gewirscht. Subjektiv gesin huet een der aawer nach vill daer Unhänger begeint.





Ech hun en bessen gewullt, fir dann elo een Musek Video zefannen den dad ganzt remgett, an dobai sin ech dann op dad heiten Framensch gestous, Sifow genannt, bei Avex Trax enner Vertraag, 2 Albumen um Marché, also nach relativ jonk am engem kenschtlereschen Senn.



Online Videos by Veoh.com


Wien sech nach en Videoclip well ukuken kann sech dann och nach desen ranzeien. Ass och relativ anderei, en bessen Zocker Pop eben.

Sifow - CLOVER



Puer Links:

Hei kennt d'Ganguro-Foto hiir
Ganguro Wikipedia Sait
Sifow Wikipedia Sait
Klengen Protip: AvexTrax Sait huet en klengen 20sekonnen Video mat Ausziich aus den Singles.
Offiziel Sifow Sait vun AvexTrax
Shibuya 109 official Website
Saiten aus Asien dauerern emmer en bessen mei laang fir ze lueden well se net extra fir Europa teschengespaischert gin. En bessen Gedold also.

That is All.

1 Kommentar:

Anonym hat gesagt…

Stees lo och bei mier enner links