Dienstag, 26. Februar 2008

浜崎 あゆみ Pt. 2

(Disclaimer: Ech sin mer absolut bewosst dad ett sech heibei em japaneschen Pop handelt, keen muss dad heiten liesen an dann d'Musek gudd fannen, ett soll een emmer alt en bessen op sin fir aaner Saachen am Liewen, an wien huet en net: den klengen Guilty Pleasure)



Fir den Guilty Album richteg zeinterpreteieren muss een fir d'eischt nach en bessen dei Japanesch Pop Kultur verstoen.

Normalerweis gesait dad sou aus dad d'Plaakenfirma een Meedchen determineiert waat virun allem kawaii soll sin. Iwwersaat gett ett meeschtens mat leif (cute), mee richteg iwwersaat heescht ett "lieblich" eppes waat een gaer hu kann. Dad Meedchen mescht dann puer Albumen an Handy Reklamen brengt sain eegenen Shampoing op den Marché an dad war et.


Panasonic Lumix Reklam


Beim Ayumi Hamasaki ass dad en bessen anescht gaangen ett gett zwar natirlech lauter Kontrakter mat Firma'en, dorenner Panasonic, Kosé (Kosmetik) an e puer Hello Kitty Geschichten allerdings leeft dad bei him nach en bessen anescht oof.


Wichteg ass dofir den Album I am... (2002), hanert Virgehaalener Hand wees jiddereen waat gelaaf ass mee offiziel gett ett keen Statement. Also anscheinend huet hat gesoot dad dei Lidder dei d'Produzenten geingen op den Dech leen naischt wären an opschons ett zwar emmer seng eegen Texter geschriwwen huet wollt ett mei Matsprocherecht hun an mei konkret un sengem Marketing Deel huelen. Anscheinend huet ett Avex Trax ugedroot sain Hut zehuelen an mat him seng ganz Band dei ett vun Ufank un zimlech an daer Besetzung haat. Den Titel M (Cover lenks) op deem Album ass deen eischten deen ett selwer komponeiert an geschriwwen huet an gellt bis haut (zurecht) als mat een vun sengen beschten Wierker.



Een weideren wichtegen Album ass My Story (2005) dad ass zwar lo och eischter subjektiv wei objektiv mee menger Meenung no ass den My Story Album een klengen fonken Hoffnung am Pop Biz. Vill interessant Tricker an Kneff dei een sou na net heieren huet am Pop, dei Spass machen an anlueden emmer rem ze lauschtern well een nach bei der 10ter Keier eppes neies kann entdecken. Lidder wei Moments oder Hope or Pain hun Melodien an Refrain'en dei een net sou schnell vergesst. Vun enger zouverlesseger Musiker Quell hun ech mer versecheren losst dad besonneg Hope or Pain am Refrain eng Suite vun Harmonie'n opweisst dei extrem ontypesch ass fir Musek generel. Ganz wonnderbar ass och Carols en flott Balade mat vill Haerz. My Story zielen ech och als Album vun sengem Guitarist genannt Yochan deen och mol e puer Lidder komponeiert. Alles an Allem een Album deen ech haut nach emmer gaeren lauschtern.

Dei next 2 Albumen kann een bis op e puer Singles komplett weschgeheien (miss)understood ass en bessen bellegen Pop wou ech mer emmer rem denken dad deen Album usech geduert war fir eventuel an den USA released zegin wouzou ett aawer nie koum ass. Dad eenzegt waat en bessen interessant ass op deem Album ass Step you an is this love ?. Woubei ech geing vun Step you d'Fangeren ging wesch lossen well ett zimlech kitscheg ass mee mir gefaellt dad also liewt dermat. is this love ? ass een zimlech rockegt Lidd wou virun allem den Video Spass mescht well en gudd gemach ass. Deen Album duerno heescht Secret an deen ass aawer esou eppes vun (entschellegt dei Wuertwahl) pain in the ass R'n'B ass komplett schrecklech, ech sin hardcore Fan an ECH hun een groussen Bou dorem gemach.



Während dem Tournage zu Glitter, Single aus dem akutellen Album



Dad brengt ass dann och schon zum 2008'ter Guilty Album deen den R'n'B wesch leist an rem zu dem typeschen lischt rockegen Pop zereckgeet an aawer nach ferdeg brengt en bessen mei Rock ze liewern. Den Guilty Album lauschtert sech gaeren hard an ass och wahrscheinlech alleng vun der Wucht mei haard wei deen aktuellen Nickelback Album. Dei Komplett Analyse also am nexten Post. Stay Tuned. Destkeier keng Links (Google, do use it.) (^ _ ^)/~~サヨナラ



End of Part 2.

1 Kommentar:

Anonym hat gesagt…

Also ech kann mam Misch sou gudd wei an allen punkter zoustemmen, hat ma geduet ohnee lo gees de gezwongen just nach dei All Albumen ze lauschtern vu que das wirklech neischt guddes mei komm ass. Bon 2008 sollt et sech rem enneren! Et sin pur zimlech geil lidder ob der Neier CD wou ech sou gudd wei all daag lauschteren...
Bon Den Album ass wirklech gudd gelongen an et sinn lidder dabei dei sin ennert menger Perseinlecher top 10 obmanst! An dat hescht schon epes!