Samstag, 23. Februar 2008

(Komplett Irrelevant) 浜崎 あゆみ, Hamasaki Ayumi

Ech hun mer geduert ech breischt aawer mol sou een klengen Projet op mengem Blog deen sech en bessen mei laang zitt. An well ech net einfach nemmen irgendeppes do keint maan an well ett muss spektakulär geckeg sin hun ech dei komplett bogus Initiativ ergraff een J-Pop Album ze reviewen.
An deenen nächsten puer Deeg kennt also eppes komplett geckeges op erch (dei 3 Leit hannert deenen ech mat enger Peitsch stin fir dad se ett och wirklech liesen) zou.

Fir dei Leit dei sech wellen firschaffen den Album en question waerd den neien Ayumi Hamasaki Album, Guilty sin.



Fir dad ganzt mei Multimedial ze gestallten direkt mol nach den CM (commercial) vun deem Album mat puer Auschnetter aus deenen eenzelen Videoen.




Release Datum war den 1 Januar wat bei deser Kenschtlerin eng Traditioun ass.
Lo fellt mer an ett misst en vlait en bessen Liicht doran brengen wei dad sou fonktioneiert.
Menger Meenung no schafft nämlech keen am Showbiz sou haard wei dess kleng (162cm) Japanerin. Biss elo gin ett, wann ech richteg gezielt hun, net manner 45 Singles waat eng komplett iwwerdriwwen geckeg Zuel ass. Dad gesait dann sou aus während dem Joer kommen d'Singles raus dei dann den 1ten Januar vum Joer drop op dem Album sin. Meeschtens een rockegt Lidd, 2 Baladen (eng dovun emmer fir Chreschtdaag) an een bessen Europop meissegen Summerhit am Juli.
Wien elo seet: "Hey Misch, dad ass jo baal Industriel Produktioun?!!" Deem sief gesoot: "Jo !"

An bloussen Zuelen gesait dad dann sou aus:



Studio Albums: ... 9

Singles: ... 42 (44/45)

Video Albums: ... 10

Music Videos: ... 72

Concert DVDs: ... 18



NB: Dei oofweichend Zuelen bei den Singles sin well ett mei Theorien doriwwer gin weivill ett der dann elo wirklech sin.




Ett ass schweier ze soen weivill vun der Biographie stemmt oder net ett keint och PR sin dad waer net ontypesch bei den Japaner. Mee wann, dann kennt et ongeweier drop raus dad ett mat 7 Joer ugefaangen huet mat modelen an mat 14 vun Fukuoka op Tokyo gezunn ass fir eng Schauspiller Schoul ze besichen. Mee do wollt keen ett an och beim modelen ass naischt mei gelaaf (162cm). No engem Album bei Columbia huet een Produzent vun Avex Trax ett op New York gescheckt an him gesoot ett soll mol selwer Lyrics schreiwen. No puer Joer New York haat Avex Trax sech een Monster erungeziicht.


Puer Links:
"Off to the Wiki-Mobil"
D'Discograhpy huet en bessen eppes vun enger Excel-Sheet


End of Part 1

Bleift drun fir eng Premiere an der Letzebuerger Blogosphere; Explosiounen, vill Haut, eng Romance, Treinen vun Freed an vun Trauer, een mental zereckbliwwend Kaweeschelschen, an d'Äntwert op d'Fro wei "Lost" waert ausgoen...

3 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Cool! Klengt total verreckt, et freet en sech, wéi déi Persoun daat mescht!

An soss rockt den Blog héi. Ehc hun just net ganz verstaanen, obs du lo an Japan wunns, "just" eng Kéier do waars oder wéi an waat genee?

Misch hat gesagt…

" ...obs du lo an Japan wunns, "

schein waer ett :D

nee ech wunnen schon (nach) an Europa, mee ech bloggen iwwer Japan an och en bessen iwwer GeekCulture well ett dad ass wou ech am meeschten driwwer ze zielen hun.

Misch hat gesagt…

ahjo mee ech war aawer eengkeier do.

dei puer eischt post sin "live" aus japan an dann kennt eben den "Nospill" post deen en bessen d'wiedergebuert vum blog ass.