Dienstag, 11. März 2008

Super Smas Brothers Brawl (Wii)

Secherlech een heisch gelueweten Titel deen lo deser Deeg an den USA rauskoum ass.Super Smash Brothers Brawl ass d'Weiderfeierung vun enger Serie dei schon um Nintendo 64 an duerno op der Gamecube souvill Spass gemaach huet. An duerch den Online Feature ass dest, een Spill waat op kenger Wii daerf feelen, lo schon heisch geluewt. Ett ass d'Essenz vun deem waat Nintendo ausmescht, waat Nintendo gudd kann an waat mir all gaeren hun, dei an desem Spill deif matdran ass.

Leider waert desen Bijoux eis Europäer reischt am Summer erreeschen. Mee ech sin secherlech net deen eenzegen deen sech elo schon freet op epesch Kleippereien mam Mario, Kirby an co.

Den Video ass den Review vun Gametrailers.com, se hun sou baal nemmen guddes iwwert d'Spill ze soen an dad wonnert mech och net. Se hiewen SSBB direkt mol iwwert all dei aaner Spiller dei dest Joer nach rauskommen an dem Beat Em'Up Genre; an do sin sou Schweiergewiichter wei King of Fighters 12, deen neien Tekken oder och Soul Calibur 4 drenner.
Perseinlech hun ech zwar Tekken guernet gaeren,d'Animatiounen sin na emmer ze lahm, ass een Spill fir all dei Fussball Begeeschtert Playstation Leit; Soul Calibur ass mer do schon leiwer.












Puer Links:

GT.com
SSBB Wikipedia Sait

That is All.

2 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Punaise, dat Spill as, niewt Gemoetrie Wars, wuel e Kaafgrond fir d'WII!

Anonym hat gesagt…

Jo ech wees nach um Gamecube waat mer daat spill gespillt hun an 24 stonnen gespillt hun vir den Mewtwo ze kreien :)
Super Spill nachemmer, eigentlech just schued dass Nintendo selwer emmer dei beschten Spiller mecht an dei aner net onbedengt sou Toptitelen hierkreien. Froen mech emmer nees op et vir Dretthiersteller sou schweier ass epps uerdentleches op der Nintendo Hardware hinzekreien. An Japan misst spill jo awer schon raus sinn, dann miss de et jo schon kennen spillen. Sou gesinn bass de en Gleckspils :)

Ech perseinlech fieberen lo mol dem GTA4 entgeint. Ech weilt et schon deck lang an mengen Hänn haalen.