Freitag, 21. März 2008

Ayumi Hamasaki 浜崎 あゆみ GUILTY Review Pt. 1

Ech sin lo endlech douzou koum mer Gedanken iwwert dei Plack ze maan, an wärhend dem ech se gelauschtert hun hun ech mer Notizen gemach. Dad heescht d'Kritik ass souzesoen live an net nom lauschtern geschriwwen. Beides huet seng Fir- an Nodeeler. Nodeel hei ass dad d'Appreciatioun extrem laang ausgefall ass an dofir waert ech pro Post 3-4 Lidder mat anbezeien. Desweidern gin ech fir all Lidd waat een Video huet den Link mat bai. Dei Videoen dei bei mir hei embedded sin, sin dei dei ech als besonneg interessant empfannen.

Also lass:

Mirror (1min56)

Dad eischt waat eeen zeheieren kritt ass een klengen Intro den schnell mol all dei Haaptideen vun dem ganzen Album regroupeiert. Dad ass dann esou een Electronic/Metal Mix. Ett ass schued dad ech dad Lidd net op enger Videosait fonnt hun well ett ass wirklech interessant wei effektiv ett als Intro fonktioneiert.


(don't)leave me alone
(4min16)

Standard, modernd (eben dad bessen 80ties waat lo grat modern ass) Lidd. Eng en bessen rockeg pop collage. Allerdings gett aawer een originellen Refrain, mat enger Melodie dei sech gudd lauschtert, oofgeliewert.


De Video


talkin' 2 myself (4min54)

Klengt am ufang en bessen wei dei Symphonie Plack vun Mettalica. Bessen haarden Guitaren Riff mat Geien hanendrun dann aawer na en bessen Pop Gebastels am Hannergrond mat Effekter an deem ganzen Schickimicki. Dann eng schein Montée bei dem Prechorus fir an den Refrain ran deen richteg run geet. Well d'Guitar, emmer present aawer, nemmen den Rythmus mescht kennt d'Melodie vun den Geien dei d'Stemm begleeden. Eng zimlech erwuesen stemm fir J-pop sief gesoot. Een Track deen sech gaeren hard lauschtert. Verfaellt aawer no der 2ter Strophe an Pop standards zereck, mat deenen üblechen Tricken wei Stemm Flanger Effekt, kennt dann aawer net schlecht zereck fir den Schluss.


Zum Video: Sief gesoot dad d'Japaner net danzen kennen !



Online Videos by Veoh.com




decision
(4min20)

En bessen Drama an der Loft mee ass maer en bessen zevill des fake-rock pop deen een iwwerall heiert. Leist sech lauschtern mee ass aawer na laang neischt Spezielles. Den Refrain ass gewinnt interessant, mee och net Weltbeweegend. Naischt waaat een net schons heieren haett. Trotzdem interessant, am an d'Konzept vun dem Album passend.

De Video


Sou dad war och schon dei eischt Ronn. Bis op talkin'2myself war net vill interessantes derbai. Nexten Post gett en bessen mei Romantesch aawer och musikalesch mei flott.
Comments sin Wwellkoum. Flammen ass erlaabt.
Wien sech freet firwaat ech dei Titeln vun deenen Lidder sou komesch schreiwen; dad ass esou. Dei stin esou wei se hei stin op der CD an bei MTV oder wou och emmer. Och d'Grouss- an Klengschreiwung spillt mat. Desen Album heescht GUILTY an engem aaneren Post hun ech vun engem Album geschwaat deen My Story heescht, just als Beispill.


Des Keier keng Links.

End of Part 1.

Keine Kommentare: