Montag, 28. April 2008

Ayumi Hamasaki 浜崎 あゆみ GUILTY Review Pt. 2

Majo, haat mer mol en bessen Fraizait geholl. Mee lo hun ech endlech Loscht an Motivatioun fir den nächsten Deel vum Ayu Review. Also lass geet ett.


GUILTY (4min33)

Dest Lidd ass wirklech originell, opschons och en bessen Drama aawer flott gemach mat vill Collagen and iwwerall Soundbits fir ze entdecken. Mat omnipresenter Leadguitar an puer ongewinnten Nouten um Piano. Interessant ze soen dad bei den Japaner an der Musek d'vibreieren vun der Stemm mei unerkannt ass wei an der westlecher Musekwelt wou ett drem geet stabil zesangen. Dad huet secherlech kulturhistoresch Ursaachen wann een sech japaneschen traditionnelen Folklore unlauschtert, fällt engem dest als Charaktäristik op. Den Refrain kann engem schnell zum Ouerenwuerm gin, waat nemmen fir eng intelligent Produktioun schwetzt. Am groussen ganzen een interessant Steck mee besonneg memorable ass eng schein Montée eier den Refrain fir d'Lescht kennt.

Leider gett ett fir dest Lidd keen Video, well desen hätt ech nawell gären gepost.


fated (5min34)

D'Staerkt vun deser Sängerin sin secherlech Balladen an dest Lidd ass genau dad. Desen Track kennt direkt schein eran mat sou engem "Tunnel Effekt". Ordentlech Echo op der Stemm an am Hannergrond mee och hei leit den Point Fort definitiv am Refrain. Schon d'Bridge (anscheinend den teschneschen Terme fir den Espace firum Refrain) ass wonnerbar developpeiert an leisst d'Guitar schein een Thema ausspillen eier engkeier kuerz Loft geholl gett an ett mat frescher Energie an den Refrain geet. Am Refrain ass dann och nach eng aaner typesch Charakteristik vum Jpop zefannen, nämlech gett hei d'Stemm bewosst sou portreteiert wei wann d'Sängerin kuerz virun den Treinen geing stoen. Ganz typesch an esou Balladen gett ett dann och een klengen Deel mat nemmen Piano an den Vocals, mee deen steiert aawer guer net well en vlait manner opgezwongen klengt wei an aaneren Poplidder, ass zwar ferm tradionell am Pop mee hei aawer flott riwwer bruescht.

Zum video:
Ett sief gesoot dad desen Video zesummen mat engem aaneren Lidd aus dem Album fonktioneiert. Dad ganzt ass dann een Kuerzfilm em dei 20minuten. Deen dann do geheescht huet, 距愛 ~Distance Love~ doran sin regruppeiert GLITTER an fated. Den Film gouf an Hongkong gedreint och en bessen aus dem Grond dad d'Ayu decideiert huet en bessen aus Japan rauszekommen. Dei männlech Roll gett gespillt vum HongKong Star Shawn Yue, deen un der Infernal Affairs Trilogie bedeelegt war. Infernal Affairs ass deen Film deen dem Westen herno als The Departed verkaaft gouf. Besonneg gudd gemach ass dei kleng Montage tescht deenen 2 Lidder.



OPGEPASST: fated ass natirlech den 2ten Deel vum Video. Dad eischt Lidd ass GLITTER.


Online Videos by Veoh.com


Spuenesch Ennertitlen gratis derbai. Den Review zu GLITTER kennt an engem speideren Post no.


Together When... (5min12)

Den Piano Intro, faengt lues un mee hellt Form un mat dem Bass, an mei Straich Instrumenter. Dorop kennt eng Bridge dei absolut alles hannert sech leist, passt perfekt heieren sech super un.Einfach nemmen gudd. Een en bessen soften Refrain mat schein rem Geien an Guitar dir wonnerbar harmonesch mateneen fonktioneieren. Dei zweeten Keier an d'Bridge eran ass nach besser. Schaft sech schein run an den Refrain ass dann "somewhat anti-climatic", well heschen den Refrain steet amfong ennert der Bridge an dad mescht dad Lidd sou originell. Den bekannten an beleiften Pop-Balladen Trick mat dem Deel ouni Rythmus-Instrumenter, an desem Fall mat engem Geien Quartett. Dei leschten Keier Refrain ass dann endlech wirklech gelongen, dad ganzt kent en beemol richteg an d'rullen an formeiert sech zu enger Ballade dei engem kann un d'Härzen wuesen

Zum Video:
D'Japaner stinn op Frankreich.



Online Videos by Veoh.com



Dad war ett fir destkeier, den nächsten Deel kennt nach des Woch, versprach ! An eventuell dann och rem eppes mei interessantes wei Jpop.

E Puer Links:

Infernal Affairs Youtube Trailer Een wirklech gudden Film deen ech jidderengem kann empfehlen. Desen Film ass waat The Departed och wollt sin.

1 Kommentar:

Anonym hat gesagt…

du bass gelinkt gin, audiofanatica.wordpress.com