Dienstag, 31. Juli 2007

Gett Emmer Besser

Majo majo, emmer nach keng Meigelechkeet fir Fotoen eropzelueden. En Typhoon kent op eis duer mee dann sin mir net mei an daer Geigend hei. Am Moment gammelen mer zu Osaka sin demetten nach mat der Rush Hour heihin koum, an Rush Hour an der 2t greisster Staat an Japan ass verdammt Geckeg. Mir hun gescht zu Hiroshima een Preis begeint deen mer elo mega haasen well d,Sau net am Stand war eis ze soen wei mer geigen bei den Hostel kommen an dobei huet en wirklech net ausgesin wei wann een gestresst waer. En huet just an mega dommem preisen\englesch mat enger Japsenmoss do handerem gepootert am Plaatz sech 2 minuten ze huelen fir eis. Naja bloeden Jaaseler. Fir de Rescht sin se aawer all super fain hei. Jojo mar gin mer bei d Moenchen op den Bierg schlofen mol kuken waat ett do sou gett, eis eischt Erfahrung mat engem mei traditionellen Hotel waren op allen Fall super genial.

That,s it. Ett nervt mech selwer dad ech keng Fotoen kann roplueden dad waer natirlech en bessen mei flott. Mee an 2 Deeg sin mer zu Kyoto an dann gin ech engkeier Owes an een Cybercafe dei sin hei all 24 Stonnen op an hun sou Features wei Massage-Still an Solarium. Keen Schaiss.

2 Kommentare:

geck hat gesagt…

relaxe plang,
eng cyber-internet-massage-bronzage.
daat klengt no stress.
luc

Anonym hat gesagt…

Dir loosst ierch et jo gudd goen do hannen ;)
Gees de do an e Zen Buddhisteschen klouschter zu Kyoto? Zau hu jo emmer su mega fett Gärt.
Fotoen ass schued mee du kanns di jo weisen wanns de erem bass.
Genéiss et ;)
Jona