Deen neisten AVGN Video. Wizard of Oz, waat eng merde.
Puer Links:
Den kompletten AVGN Video Index.
That is All.
Deen neisten AVGN Video. Wizard of Oz, waat eng merde.
Kukt schnell all mein scheinen Wallpaper.
Klicken fir Original-Greisst
Wei emmer Mettwoches gett ett een neien Yahtzee-Video an well ech den totalen Fan sin waerd ech deen och allkeiers hei posten.
Destkeier geet ett em Devil May Cry 4, ech hun zwar een Haerz fir Capcom mee se hun schon lang naischt ordentleches mei op den Desch bruecht.
Ech hun lo grad dad komplett geckegsten Iwwerhaapt gesin.
Ech war op der Sich no puer interessante neien Saachen fir op bekannten Stream-Saiten zekuken, wei ech beemol bei veoh.com eppes gesin hun waat ATTENTION PLEASE [アテンションン プリース] heescht an den obviously asiateschen Cover huet en bessen no flacher Komödie ausgesin. Perfekt. Genau dad waat ech gesicht hun. No fir gebeckt fir den Mini-Cover genau ze inspizeieren an d'Mini Synopsis zeliesen, hun ech dun raus fonnt dad d'Haaptroll un d'Aya Ueto gaangen ass.
D'Aya Ueto ass een J-Idol, J-pop, J-Drama Multitalent. Waat heescht dad lo alles ? Majo hei den schnellen Misch Japan Popculture 101:
J-Idol: Usech schein jonk Modelen dei Filmer maan dei sech dann och mol gaeren iwwer 2 Stonnen zeien. Am Beschten Fall gesait een dann 30minuten Glace iessen an Lingerie oder sou Saachen wei 42minuten an engem Hochzaitskleed um Strand Frisbee spillen. Allerdings gett an esou Produktiounen, meeschtens och vun engem Photobook begleed, net "alles gewiesen"
J-Pop: Eben deen aktuellen Pop alles waat sou un kommerzieller Musek usteet. Allerdings gett ett och een ganz spezifeschen J-pop Musek Genre, sou en bessen wei Europop (bei der Eurovision meeschtens aus Griechenland an deen Eck ) huet aawer en bessen mei Charme well manner Botox (net keen nemmen manner) an den Sängerinnen ass.
J-Drama: (och nach JDorama; weinst der japanescher Aussprooch vum Terme) "Wochendaag Moies firun 10 Joer um RTL ausgetrallten Reich und Schön"-Esque Soaps. Telenovela'en vun Komesch iwwer Dramatesch bis komplett geckeg Gore Saachen ass alles vertrueden.
D'Aya Ueto spillt also an desem JDorama een Meedchen waat am Leifsten well Rock Musikerin gin aawer an der Provenz wou ett liewt schnell un seng Grenzen steisst, an dann aus enger Meeschung "Ech weisen erch ett lo" engem deifen onbewossten Verlaangen endlech als Fra unerkannt ze gin an aus enger verstoppener Leift zu engem engem aalen Bekannten eraus decideiert Stewardess zegin.
Dad ganzt kukt sech dann och wei eng japanesch ultra pink kawaiiiiiO(≧∇≦)O Versioun vun Mister Bean an engem Trainings Video fir JAL (Japan Airlines) Cabin Attendants.

Een neien Zero Punctuation Video ass raus. Destkeier hun ech mol na nie eppes vum Spill heieren waat en reviewed mee amfong ass dad jo och nierwensaach.
Uncharted also sou een Action Adventure fir dei ech mech souwiesou na nie wirklech interesseiert hun.
Ausserdem muss ech aawer soen dad bei desem Skit den Choix vun der Musek exzellent ass.
(Disclaimer: Ech sin mer absolut bewosst dad ett sech heibei em japaneschen Pop handelt, keen muss dad heiten liesen an dann d'Musek gudd fannen, ett soll een emmer alt en bessen op sin fir aaner Saachen am Liewen, an wien huet en net: den klengen Guilty Pleasure)

Panasonic Lumix Reklam



Während dem Tournage zu Glitter, Single aus dem akutellen Album
Ech hun mer geduert ech breischt aawer mol sou een klengen Projet op mengem Blog deen sech en bessen mei laang zitt. An well ech net einfach nemmen irgendeppes do keint maan an well ett muss spektakulär geckeg sin hun ech dei komplett bogus Initiativ ergraff een J-Pop Album ze reviewen.
An deenen nächsten puer Deeg kennt also eppes komplett geckeges op erch (dei 3 Leit hannert deenen ech mat enger Peitsch stin fir dad se ett och wirklech liesen) zou.
Fir dei Leit dei sech wellen firschaffen den Album en question waerd den neien Ayumi Hamasaki Album, Guilty sin.
Fir dad ganzt mei Multimedial ze gestallten direkt mol nach den CM (commercial) vun deem Album mat puer Auschnetter aus deenen eenzelen Videoen.
Studio Albums: ... 9
Singles: ... 42 (44/45)
Video Albums: ... 10
Music Videos: ... 72
Concert DVDs: ... 18
NB: Dei oofweichend Zuelen bei den Singles sin well ett mei Theorien doriwwer gin weivill ett der dann elo wirklech sin.

Den Yahtzee ass een Game designer deen an Australien lieft an mat sengem ugebuerenem engleschen Akzent zimlech treffend Game Reviews mescht. Net nemmen dad en huet och nach rescht ! En seet engem an 4 Minuten genau dad wat een wessen well.
Des Woch war en bei den Game-designer's Choice Awards an huet do 3 Segmenter gemach fir sain 2007 ze presenteieren.
Absolut ze empfehlen och fir leit dei net sou vill mat Games um Hut hun. Ass wei den Angry Video Nerd einfach witzeg ze kuken well ett gudd gemach ass, witzeg an informativ derbai.
Endlech....ENDLECH.
Den Angry Video Game Nerd huet entdlech een Video iwwert den Virtual Boy gemaach. Dei mescht Leit dei mech kennen kennen wahrscheinlech och den Virtual Boy. Fir all dei aaner: Den Virtual Boy war deen Produit deen Nintendo Mett der 90er baal gekillt hätt.
Dad war esou eppes vun een Flop.
Mettlerweil gett ett eng relativ grouss Virtual Boy Community um Net dei sech mat Spiller sammeln an Homemade Reperaturen an Extension Cables beschäftegt. Ech keint lo hei nach e puer Stories fleien loosen mee nememn nach souvill 1995 war d'Joer wou en opgetaucht ass an 1996 dad joer wou jiddereen bei Nintendo ett schnell rem wollt vergiessen.
Also dann vill Spass.
Ech erzielen hei secher naischt Neies mee ech wollt ett aawwer net messen trotzdem mein Pefferkaer beizedroen.
Toshiba, entweckler an eenzegen Produzent huet also decideiert fir dad vun hinnen proposeierten Next Generation Format HD-DVD zereckzezeien. Domat huet Blu-Ray vun Sony also d'Rennen gemach.
Insgeheim hun ech mer dad och erward, mee dei Entscheedung kennt aawer onerwart schnell. Ett ass jo kloer wat destkeier den sprangenden Punkt war an zwar d'Konsolen vun der aktueller Generatioun dei den Haapt Grond sin firwat een dann elo eischter deen een Format kaaft huet oder deen aaneren. Blu-Ray stong fir Playstation 3 an HD-DVD war bei der Xbox 360 vertrueden. Ett muss een allerdings soen dad bei der Xbox 360 den HD-DVD Player huet missten separat kaaft gin. Den Haapt Grond also firwat d'Leit sech Blu-Ray oder HD-DVD kaaft hun war lung also bei engem aaneren Choix, deen vun der neier Konsol.
Fir deen deieren neien Acquis an Form vun enger Playstation 3 (500 Öcken sin net weineg) ze rechtfertegen huet, an den USA secher nach mei wei hei, jiddereen ugefangen sech Blu-Ray DVD'en ze kaafen.
Dei eenzeg Hoffnung dei ech nach haat war deen ufaenglechen Statement vun Sony fir der Porno-Industrie keng Erlaabniss ze gin hir Filmer op Blu-Ray ze releasen. 
Waat war geschitt ?
An den 80er gouf et den Kriich tescht der VHS an der BetaMax vun Sony. Deemols haat Sony mat deem besseren Standard an der besserer Qualiteit verluer well een deemols keng Porn-Flicks konnt op Betamax kaafen mee nemmen op VHS. (Betamax gett allerdings haut nach emmer an der Televesiouns Produktioun benotzt.) D'leit hun wei blöd Porno'en kaaft op VHS deemols an sou d'Rennen fir JVC an den Video Home System gemach.
Fir dad d'Geschicht sech net wiederhellt huet Sony also deskeier zougeloos dad een zukünfteg dem Jenna Jameson och an HD kann beim Schaffen nokucken.
Fair enough, deen beschten Format huet gewonnen. 50gb passen op eng Double Layer Blu-Ray deitlesch mei also wei dei 15gb dei eng HD-DVD pro Layer ophuelen kann.
Virwaat also feiert den Misch eng op ?
Majo, HD-DVD gouf vun Ufank un ouni Region Code verkaaft an sou sollt ett och bleiwen. Blu-Ray huet 3 Zonen A1 (Nord- an Südamerkia) B2 (Arika, Europa, den mettleren Osten an Australien) an C3 (Indien, Russland, China). An wien sech elo zurecht freet: "Wou der Daiwel ass Japan?" deem sief gesoot, Japan ass zesummen mat Thailand, Philipinnen, Indonesien, Malaysien etc. an der Grupp A1.
Wann d'DVD Regiounen schon egaalwaat sin dann sin dess nach 100mol mei schlemm. Sony hun sech, zurecht, mat Hollywood gudd gehaalen an dofir ennerstezen dei lo dei Regiounen Auswahl, dei weder Geographesch nach Kulturell Senn mescht.
D'MPAA haat rem engkeier d'Fangeren am Spill.
Bon, perseinlech mengen ech dad dei komplett Emstellung secher nach e puer Joer dauert also nach keen Stress.
Ausserdem haat ech bei dem NextGen Konsolen Kriich jo op dad richtegt Paerd gesaat.
Wii for the Win. v(^-^)v
Puer Links:
D'Blu-Ray Regiounen als Jpeg
Statistik wei mies d'PS3 verkaaft gett :3
That is All.
Ech wollt am Fong fir d'eischt iwwert e puer aaner Styler schwetzen dei d'japanesch Jugend sou prägen, mee ech gouf dun op desen spezifeschen opmirksam gemach.
Also Ganguro, waat wuertwirdlech "schwarzt Gesiicht" heescht, geheiert wahrscheinlech eben doweinst zu deem politeschonkoreksten Trend ausser vlait nach den Loli Trend, mee deen trauen ech mech guernet unzeschneiden soss stin d'Flicken virun der Diir.
Ett schengt en bessen ofensichtlech dad hei dad geschitt wat bei allen waissen op der ganzer Welt opfaellt; en gewessen Pourcentage waer alt numol eben gaeren Schwarz. (N.B. Reggae an HipHop sin och enorm populaer an Japan) Dad dann och nach gepaart mat der Entschlossenheet vun den Japaner an virun allem den Senn fir Kitsch vun den japaneschen Fraen entsteet eben sou een Trend. D'Hautfaarw gett entweder dropgeschmiirt oder, nach mei ongesond, am Solarium ugeziicht fir all dad oofzedecken waat den japaneschen Summer net vum selwen ferdescht brengt. D'Hoer gin dan och meeschtens gefiirwt vun orange bis blond, an am beschten Fall gro-waiss. Dei Meedercher mat deem extremen bleaching geheieren aawer och schon rem enger aanerer Subkultur un. D'Lepsen an den Liedschatten gin mat extrem deck opgedroenen an meeschtens hellem baal Waissen Make-up carrement iwwermolt.
Nach interessant ass ett ze gesin wou des Grupp ze fannen ass. Well anescht wei bei deenen meschten mei Rock-, Goth-, Indie-Leit trefft een sech hei net mat den AnimeFans am Yoyogi Park, mee op deenen Platzen wou Entertainment deier ass, Quartier'en wei Ikeburo an Shibuya waeren dann do eischt Wahl. Fir dad ganzt engkeier live ze erliewen kann een, wann een sech traut, an den Shibuya 109 goen. Eng Shopping Mall direkt firun der Gare vun Shibuya op der wuel bekanntester Kreizung an Japan: den Shibuya Crossing, "busiest crossing in the world". An eben deser Mall sin 109 Geschaefter nemmen Fashion fir Fraen an haaptsaechlech sou deen Glam-Hip Hop-R'n'B Style deen Ganguro unstrieft.
Waat kann een soss nach sou soen, vlait dad et deen Style och fir Männer gett, jo an dad ett anscheinend en bessen oofhellt an der lescht. Heischpunkt waer em d'Joer 2000 gewirscht. Subjektiv gesin huet een der aawer nach vill daer Unhänger begeint.
Ech hun en bessen gewullt, fir dann elo een Musek Video zefannen den dad ganzt remgett, an dobai sin ech dann op dad heiten Framensch gestous, Sifow genannt, bei Avex Trax enner Vertraag, 2 Albumen um Marché, also nach relativ jonk am engem kenschtlereschen Senn.
Den Meiji Jingu steet am Yoyogi Park sou ongefeier tescht Harajuku an Shibuya. Gebaut gouf en fir den Emperor Meiji, deen Japan am speiden 19ten Joerhonnert moderniseiert an den westlechen Länner mei zugänglech gemach huet. (Bis haut sin wahrscheinlich eng ganz Rei Japaner net sou frou mat daer Idee.) Ferdeg gestallt am Joer 1920 and direkt mol rem zersteiert gin am 2ten Weltkriich ass den Meiji Shrine, deen dem Emperor Meiji an senger Empress gewidmet ass, den Zentrum vum Yoyogi Park deen eng richteg Oase ass am dem hekteschen Tokyo. 
Ausser all eischten Sonnden am Mount wann japanesch Popkultur sech vun Harajuku aus an den Park verbreed fir ze gesin an gesin zegin. Leider kann ech hei net aus eischter Hand berichten, waat mech och en bessen nervt, an een Besuch op engem Sonnden am Yoyogi Park sollt och an kengem Tokyo Ausflug fehlen. Rock/Pop Bands sin nach dei normalsten Leit dei een dann do sou gesait. An dei puer Strossenbands dei ech an Tokyo erliewt hun waren emmer alleguerten eischter Klass. Mei geckeg sin secherlech d'Rock-a-billy Leit, d'Hardcore Anime-Fans, and d'Visual Kei Leit. Iwwert Visual Kei waerd ett engkeier een Post gin, just lo souvill dozou; et geet sou an dei Gothic Richtung.
That is all.

Majo well ech net nemmen japanophil sin mee och een angry nerd posten ech schnell mol deen Video hei. Ausser dad den James Rofle aka AngryVideoGameNerd dei miesten Konsolen Spiller allerzait ausserneen hellt mescht och heiansdo en bessen eppes anescht, meschtens huet dad dad mat Leschten an Filmer zedin.
Onbedingt ranzeien. Den Video huet den Misch-Approves Seal.
Also wei "versprach" nach en bessen eppes iwwert den Himeji Koko-en Gaart direkt nierwt deer Buerg vun Himeji.
Objektiv gesin ziteieren ech mol einfach vun
"Kokoen is a recently constructed Japanese style garden, which was opened in 1992 on the former site of of the feudal lords' west residence (Nishi-Oyashiki). It consists of nine separate gardens designed in various garden styles of the Edo period."
Edo period as dei period an der japanesecher Geschicht em 1900. Dad ass dei Zait wou Japan aus der Staat Edo regeiert gin ass. Edo gouf irgendwann emgedeeft an Tokyo wou d'Staat sech mat aaneren Dierfer zesummengeschloss huet.
An dem Koko-En gin ett also 9 verschidden Gaert, dei all een gewessend Thema hun, z.B: den Waaser Gaart, den Blumen Gaart, den Bambus Gaart, an souweider ausserdem gett ett och een Teahouse am scheinen Ambiente.
Sou, lo hun ech och schon keng Loscht mei. Den blogger.com imageuploader ass en bessen pain in the arse...
Majo ech hun mer iwwerluescht rem en bessen eppes an deen Blog hei ze posten. Ech stumblen genuch Dommheeten and Random Stuff iwwer Japan fir hei Saiten an Saiten vollzespammen, dad ech mer geduert wirwat net eppes en bessen op een Koup ze geheien, an wei laang ett dauert bis ech entweder vun bedrohnlechen Comments genervt sin oder bis ech keng Loscht mei drop hun. Woubai dad 2. do secher eischter waert zoutreffen.
Als klengen Bonus an Homage un den Youtube Photoapparat als Kamera messbrauchen -Trend hei dann een klengen Video aus der Kollektioun.
Ett handelt sech also em d'Buurg zu Himeji, um halwen Wee tescht Hiroshima an Osaka, wou mer een klengen Stopp gemach hun. Waat awer nach baal mei interessant war wei d'Burg war den "Schlass-Gaard" deen nierwendrun geleen ass and separat Entree kascht wat awer absolut derwert ass. Ech probeieren dann an deem nächsten Post wann ett een gett dorop zereckzekommen. Mat puer Killer Touristen Fotoen. Hell Yeah.