Freitag, 21. März 2008

Ayumi Hamasaki 浜崎 あゆみ GUILTY Review Pt. 1

Ech sin lo endlech douzou koum mer Gedanken iwwert dei Plack ze maan, an wärhend dem ech se gelauschtert hun hun ech mer Notizen gemach. Dad heescht d'Kritik ass souzesoen live an net nom lauschtern geschriwwen. Beides huet seng Fir- an Nodeeler. Nodeel hei ass dad d'Appreciatioun extrem laang ausgefall ass an dofir waert ech pro Post 3-4 Lidder mat anbezeien. Desweidern gin ech fir all Lidd waat een Video huet den Link mat bai. Dei Videoen dei bei mir hei embedded sin, sin dei dei ech als besonneg interessant empfannen.

Also lass:

Mirror (1min56)

Dad eischt waat eeen zeheieren kritt ass een klengen Intro den schnell mol all dei Haaptideen vun dem ganzen Album regroupeiert. Dad ass dann esou een Electronic/Metal Mix. Ett ass schued dad ech dad Lidd net op enger Videosait fonnt hun well ett ass wirklech interessant wei effektiv ett als Intro fonktioneiert.


(don't)leave me alone
(4min16)

Standard, modernd (eben dad bessen 80ties waat lo grat modern ass) Lidd. Eng en bessen rockeg pop collage. Allerdings gett aawer een originellen Refrain, mat enger Melodie dei sech gudd lauschtert, oofgeliewert.


De Video


talkin' 2 myself (4min54)

Klengt am ufang en bessen wei dei Symphonie Plack vun Mettalica. Bessen haarden Guitaren Riff mat Geien hanendrun dann aawer na en bessen Pop Gebastels am Hannergrond mat Effekter an deem ganzen Schickimicki. Dann eng schein Montée bei dem Prechorus fir an den Refrain ran deen richteg run geet. Well d'Guitar, emmer present aawer, nemmen den Rythmus mescht kennt d'Melodie vun den Geien dei d'Stemm begleeden. Eng zimlech erwuesen stemm fir J-pop sief gesoot. Een Track deen sech gaeren hard lauschtert. Verfaellt aawer no der 2ter Strophe an Pop standards zereck, mat deenen üblechen Tricken wei Stemm Flanger Effekt, kennt dann aawer net schlecht zereck fir den Schluss.


Zum Video: Sief gesoot dad d'Japaner net danzen kennen !



Online Videos by Veoh.com




decision
(4min20)

En bessen Drama an der Loft mee ass maer en bessen zevill des fake-rock pop deen een iwwerall heiert. Leist sech lauschtern mee ass aawer na laang neischt Spezielles. Den Refrain ass gewinnt interessant, mee och net Weltbeweegend. Naischt waaat een net schons heieren haett. Trotzdem interessant, am an d'Konzept vun dem Album passend.

De Video


Sou dad war och schon dei eischt Ronn. Bis op talkin'2myself war net vill interessantes derbai. Nexten Post gett en bessen mei Romantesch aawer och musikalesch mei flott.
Comments sin Wwellkoum. Flammen ass erlaabt.
Wien sech freet firwaat ech dei Titeln vun deenen Lidder sou komesch schreiwen; dad ass esou. Dei stin esou wei se hei stin op der CD an bei MTV oder wou och emmer. Och d'Grouss- an Klengschreiwung spillt mat. Desen Album heescht GUILTY an engem aaneren Post hun ech vun engem Album geschwaat deen My Story heescht, just als Beispill.


Des Keier keng Links.

End of Part 1.

Dienstag, 11. März 2008

Dem FIRWAAT?! sain Review zu "Mist" - REVIEWED

The Mist Review op FIRWAAT?! Blog


Liest engkeier schnell deen Review zu dem Film Mist um FIRWAAT?!Blog.

Jo,ok also dad ass menger Meenung no deen beschten Review deen ech jeemols gelies hun. Ech mengen dad eescht. Perseinlech hun ech den Film net gesin, Stephen King Hollywood ass net main Beraich, mee lo well ech en secherlech nie mei gesin no desem Review.

Also ett geet un mat "The mist ass jo sou een scheiss, heiert sech jo och schon un wei mescht.". Dad ass genau dad waat ech well heieren wann ech eng Kritik zu engem Film liesen. Dann sin direkt mol d'Grenzen gesaat.
" Een extra punkt krid den film well dei motherfuckingpriesterbitch eng kurrell an de kapp kritt." Genau dad well ech liesen. Dann wees ech weinstens schon direkt dad ett einfach nemmen keen Wert huet fir den Film zekucken ausser dann ech wellt eng "motherfuckingpriesterbitch" stierwen gesin. Dad Wuert "motherfuckingpriesterbitch" seet jo och schon souvill aus. Se nervt d'Characteren am Film an den Publique och an se ass relieis.
An dann gett einfach den Schluss veroden.

::SPOILER::
"....um enn, klemmt de pap aus dem auto, natierlech fir sech vun creaturen buffen ze loossen. (Elo kennt et) Am platz wei erwaard gefriess ze gin, kennt aus dem nivel dei rettent army an dei 4 kurrellen goufen fir neicht verschwend."
Sou soll ett sin ett ass een gudden Review well den Film sou een Brach ass dad een direkt mol den Schluss veroden kritt. Sou soll ett sin, sou spuert een sech Zait an Geld.

An oofschleissend nach en klengt Ageständnis "Wollt fir desen bullshit guer net souvill schreiwen,". Dad weisst nemmen Gudden Wellen, eigentlech wollt den Verfaasser nemmen schnell soen dad den Film suckt aawer nee, ett gouf sech d'Mei gemaach fir och wirklech secher ze goen dad och nemmen keen dad Dengen upäkt.


MERCI fir dessen Review, dad sief gesoot. Weider sou.



That is All.

Super Smas Brothers Brawl (Wii)

Secherlech een heisch gelueweten Titel deen lo deser Deeg an den USA rauskoum ass.Super Smash Brothers Brawl ass d'Weiderfeierung vun enger Serie dei schon um Nintendo 64 an duerno op der Gamecube souvill Spass gemaach huet. An duerch den Online Feature ass dest, een Spill waat op kenger Wii daerf feelen, lo schon heisch geluewt. Ett ass d'Essenz vun deem waat Nintendo ausmescht, waat Nintendo gudd kann an waat mir all gaeren hun, dei an desem Spill deif matdran ass.

Leider waert desen Bijoux eis Europäer reischt am Summer erreeschen. Mee ech sin secherlech net deen eenzegen deen sech elo schon freet op epesch Kleippereien mam Mario, Kirby an co.

Den Video ass den Review vun Gametrailers.com, se hun sou baal nemmen guddes iwwert d'Spill ze soen an dad wonnert mech och net. Se hiewen SSBB direkt mol iwwert all dei aaner Spiller dei dest Joer nach rauskommen an dem Beat Em'Up Genre; an do sin sou Schweiergewiichter wei King of Fighters 12, deen neien Tekken oder och Soul Calibur 4 drenner.
Perseinlech hun ech zwar Tekken guernet gaeren,d'Animatiounen sin na emmer ze lahm, ass een Spill fir all dei Fussball Begeeschtert Playstation Leit; Soul Calibur ass mer do schon leiwer.












Puer Links:

GT.com
SSBB Wikipedia Sait

That is All.

Sonntag, 9. März 2008

AVGN Wizard of Oz

Deen neisten AVGN Video. Wizard of Oz, waat eng merde.




Puer Links:
Den kompletten AVGN Video Index.

That is All.

Donnerstag, 6. März 2008

Bogus Post

Kukt schnell all mein scheinen Wallpaper.




Klicken fir Original-Greisst




Wei een un der miserabler Qualiteit vun der Foto kann feststellen handelt ett sech em eng Foto vun mir.
D'Foto ass entstaanen am Ryogen-In an Kyoto. Ett war eng enorm Hetzt an ech hun meng Feiss net mei gespuert. Mee duerno hun ech entdeckt waat ett heescht eng ratatouille pie am Starbucks z'iessen. (Damn...)
Den Gaart ass usech een Steengaart mee ech hun ett aawer weit mei interessant fonnt deen traditionellen Baustil ze bewonnern. Do ass all Zemmer eng Terrasse,
do kann ech net widderstoen.
Wann een mei sou een Blödsinn well dann breng Comments...Mischi.


Puer Links:
OPGEPASST:
Destkeier op allen Fall den Link klicken well ett gett eng Virtuell Tour duerch den Gaart ze maan. Ryogen-In, Kyoto

Mittwoch, 5. März 2008

Mettwoch as Yahtzee-Daag

Wei emmer Mettwoches gett ett een neien Yahtzee-Video an well ech den totalen Fan sin waerd ech deen och allkeiers hei posten.

Destkeier geet ett em Devil May Cry 4, ech hun zwar een Haerz fir Capcom mee se hun schon lang naischt ordentleches mei op den Desch bruecht.







That is All.